E puer Wierder…

begge hundene (17 of 21).jpg
 

Ech sinn d’Amandine, kommen aus Frankräich a sinn elo och Lëtzebuerger. Nodeems ech a Frankräich 10 Joer an der Kommunikatioun an an der Press geschafft hunn, hunn ech decidéiert mech zu Lëtzebuerg z‘installéieren. Säit 2008 sinn ech elo am Land a schaffe säitdeem mat Déieren.

Ech bidden ee familiäre Service un. Meng Philosophie ass, Äert Déier sou wëllkomm ze heeschen, wéi wann et e Familljemember wär. Dobäi verbréngt Äert Déier en agreabel Sejour, ganz ouni Zwinger, mee mat vill frëscher Loft.

Lëtzebuerg eegent sech perfekt fir mäi Beruff auszeüben, well d’Natur hei gutt erhalen ass an d’Trëppeltier mat ärem Mupp e richtege Genoss an engem natierlechen Ëmfeld sinn.

Als Spillpartner a Bridder, sti meng zwee Muppen, Loki an Tyson, all Gaascht mat Freed zur Verfügung.

Den Tibout an Dickie, déi mech leider 2016 fir ëmmer verlooss hunn, hu mech inspiréiert a mengem Choix fir mäi neit Liewen.